Kann d’Madamm Minister bestätegen datt kee sech gemellt huet fir intern bei den 112 ze wiesselen? Wat sinn d’Grënn heivir?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister weider ze leeden.

Den 10. September 2021 ass en Avis de mobilité interne un de Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) erausgaange wou Beruffspompjeeën sech kënnen an en anere Centre d’intervention oder d’Centrale des Secours d’Urgence vum 112 mellen. Mengen Informatiounen no huet kee sech gemellt fir op den 112. Des weidere wëllen sech wuel aus verschiddene Grënn eng Rei Agente vum 112 fort mellen?

D’Madamm Minister hat rezent deklaréiert datt déi Agente vum 112 déi nach nët “Pompier professionnel fonctionnaire” wiere mat hirer Formatioun am Gaang wieren. Mengen Informatiounen no stëmmen dës Aussoen awer net, vill Agenten si wuel guer net un dëser Formatioun, déi mat groussem Opwand verbonne wier, interesséiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister bestätegen datt kee sech gemellt huet fir intern bei den 112 ze wiesselen?
  2. Stëmmt et datt eng Rei Agente gedenken den 112 ze verloossen?
  3. Wat sinn d’Grënn heivir?
  4. Wat fir eng operationell Konsequenzen huet dëst fir den 112?
  5. Kann d’Madamm Minister bestätegen datt d’Agente vum 112 vill Iwwerstonne leeschte mussen? Wa jo, wéi vill Iwwerstonnen si bis elo 2021 geleescht ginn?
  6. Op wéi eng Informatioune baséiert d’Madamm Minister hir Aussoen datt quasi all Agente vum 112 de Statut vum “Pompier professionnel fonctionnaire” hunn, resp. Matt der Formatioun am Gaang sinn?
  7. Wat heescht dat fir den 112 wann dës Beamte refuséieren déi Formatioun ze maachen?
  8. Den 112 huet als national Noutruffzentral eng wichteg Missioun fir d’Awunner ze assuréieren. Wéi wëll d’Madamm Minister sécherstellen datt dës Missioun och an Zukunft adequat assuréiert ka ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck