Kann den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten eng Statistik iwwer Annulatiounen a Verspéidunge bei Luxair-Flich vun Ufank vun der Péngschtvakanz u virleeën?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

An der leschte Woche goung ëmmer nees rieds vun iwwerduerchschnëttlech villen Annulatiounen oder Verspéidunge vu Luxair-Flich. Gestéiert gouf sech och un der Kommunikatioun vun der nationaler Fluchgesellschaft mat de betraffene Clienten.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte riichten:

  • Kann den Här Minister eng Statistik iwwer Annulatiounen a Verspéidunge bei Luxair-Flich vun Ufank vun der Péngschtvakanz u virleeën?
  • Wat sinn déi respektiv Grënn vun den Annulatiounen a Verspéidungen?
  • Wéi eng Moossname gi getraff, fir déi beschriwwe Situatiounen – am Hibléck op d’Grouss Vakanz, déi an e puer Wochen ugeet – ze verbesseren?

 

  • Wéi eng Moossname gi getraff, fir d’Kommunikatioun mat de Clienten am Fall vun Annulatiounen a Retarden ze verbesseren?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Laurent Mosar                             Serge Wilmes

Deputéiert

Zréck