Kann den Här Minister fir Educatioun d’Verréckele vun engem Deel vun de schrëftlechen Epreuven vum „Examen de fin d’études secondaires“ op déi Woch no der Péngschtvakanz confirméieren?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no gouf en Deel vun de schrëftlechen Epreuvë vum „Examen de fin d’études secondaires“ op déi Woch no der Péngschtvakanz verréckelt. Den Delai fir d’Verbesserung gouf awer net adaptéiert, sou dass déi original Kopië vun de Schüler hu misse fotokopéiert ginn, fir dass d’Enseignanten deen Delai iwwerhaapt konnten anhalen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister d’Verréckele vun engem Deel vun de schrëftlechen Epreuven op déi Woch no der Péngschtvakanz confirméieren?
    • Wa jo, wéini gouf déi Decisioun geholl a wat sinn d’Grënn dofir?
  • Kann den Här Minister eis doriwwer informéieren, wéi vill Fotokopien opgrond dovun hu misse gemaach ginn, am Total an opgeschlësselt no Fach a Lycée?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Spautz                                 Paul Galles

Deputéierten                                Deputéierten

Zréck