Kann den Här Minister eis driwwer informéieren, ob d‘Resultater vun den „Epreuves standardisées“ vum Schouljoer 2022/2023 virleien?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Eemol pro Joer, jeeweils um Ufank vun de Cyclen 2.1, 3.1 a 4.1 an der Grondschoul souwéi op 7e a 5e am Enseignement secondaire, ginn déi sougenannten „Epreuves standardisées“ duerchgefouert. Zil dovun ass et ze kucken, ob d’Léierziler vun deem jeeweils ofgeschlossene Cycle bei de Schüler erreecht konnte ginn.

An deem Kontext wëlle mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Kann den Här Minister eis driwwer informéieren, ob d‘Resultater vun den „Epreuves standardisées“ vum Schouljoer 2022/2023 virleien?
    • Wa jo:
      • Zënter wéini leien se vir?
      • Wiem goufen se presentéiert?
      • Wat sinn d’Resultater an deenen eenzelne Fächer?
      • Wéi eng Conclusioune goufe gezunn?
      • Kann den Här Minister eis d’Resultater zoukomme loossen?
    • Wann net:
      • Firwat net?
      • Wéini sollen d’Resultater presentéiert ginn?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen                                                                Diane Adehm

Co-Fraktiounspresidentin                                                          Deputéiert

Zréck