Kann den Här Minister confirméieren, dass net all Maisons Relais glutefräi Platen ubidden an dass d’Personal den Elteren an dem Fall réit, dem Kand säin eegent Iesse matzeginn?

 

Här President,

Wéi et den Artikel 80 vum Chambersreglement virgesäit, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no, ginn et hei zu Lëtzebuerg Fäll, wou Kanner déi eng Glutenintoleranz hunn an deemno extrem ageschränkt sinn an deem wat se iessen dierfen, kee glutefräit Iessen an der Maison Relais kruten a vum Personal gerode kruten hiert eegent Iesse vun Doheem matzebréngen.

An deem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Kann den Här Minister confirméieren, dass net all Maisons Relais glutefräi Platen ubidden an dass d’Personal den Elteren an dem Fall réit, dem Kand säin eegent Iesse matzeginn?
  • Ganz generell, wei geet en an de Maisons Relais fir, wann e Kand duerch Intoleranzen oder Allergië staark ageschränkt ass an dem wat et iessen dierf?
  • Wat gedenkt den Här Minister ze ënnerhuele fir ze garantéieren, dass all Kand mat enger Glutenintoleranz oder enger aner Allergie oder Intoleranz en deementspriechend Iessen an de Maisons Relais offréiert kritt?
  • Wëssend, dass d’Iessen an de Maisons Relais oft am Viraus bezuelt gëtt, kritt en d’Iessen rembourséiert am Fall wou d’Elteren dem Rot vum Personal follegen an hirem Kand säin eegent Iessen mat an d’Kantin ginn?
  • Vu, dass den Här Educatiounsminister virhuet, d’Iessen an de Schoule gratis unzebidden, wat gesäit den Här Minister fir Schüler déi un Intoleranz oder Allergie leiden an hiert eegent Iesse musse matbréngen vir?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

Zréck