Kann de Minister bestätegen, dass aktuell weder Schwammcoursen, nach de Rettungsbrevet am Waasser, um Ausbildungsprogramm vun der Policeschoul stinn?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Froen un de Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no fannen zënter geraimeger Zäit keng Schwammcoursë méi an der Policeschoul statt, an dat obwuel dës Coursen ëmmer feste Bestanddeel vun der physescher Ausbildung vun engem Polizist waren. Dat selwecht gëllt fir de Rettungsbrevet, dee gebraucht gëtt, wann een an d’Waasser gefall ass a misst gerett ginn. Och dësen ass net méi Deel vun der Ausbildung.

 

An deem Kontext, wéilt ech dem Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

 

  • Kann de Minister bestätegen, dass aktuell weder Schwammcoursen, nach de Rettungsbrevet am Waasser, um Ausbildungsprogramm vun der Policeschoul stinn?
    • Wa jo, firwat?
    • Wa jo, ass ugeduecht dës Coursen nees an de Programm opzehuelen?
    • Wa nee, wat sinn d’Ursaachen dofir, dass dës Coursen net méi ugebuede ginn?

 

 

Här President, ech bieden Iech des Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

 

Deputéiert

Zréck