Huet d’Regierung dovu Kenntnis geholl dass zemools Leit ab 50 méi engem héijen Risiko ausgesat sinn un Gürtelrose ze erkranken, an dass et vill Leit ginn bei deenen dës Krankheet ëmmer erëm opdaucht ?

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch vir Gesondheet wéi un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Et ginn Leit déi praktesch onënnerbrach ënnert der Zona Krankheet (Gürtelrose) leiden, déi ënner anerem e groussen Nervewéi mat sech bréngen kann. Laut mengen Informatiounen gëtt d’Impfung géint dës Krankheet net vun der Krankekeess iwwerholl, déi em déi 375 € soll kaschten.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi vill Leit leiden ënnert der Zona Krankheet (Gürtelrose) ?
  • Huet d’Regierung dovu Kenntnis geholl dass zemools Leit ab 50 méi engem héijen Risiko ausgesat sinn un Gürtelrose ze erkranken, an dass et vill Leit ginn bei deenen dës Krankheet ëmmer erëm opdaucht ?
  • Kann d’Regierung bestätegen dass d’Impfung géint Zona (Gürtelrose) net vun der Krankekeess rembourséiert gëtt ?
  • Falls jo, aus wéi engem Grond an wat ass de genauen Präis vun der Impfung?
  • Hätt een net missen eng Impfcampagne organiséieren vir d’Leit op ze klären an ze sensibiliséieren wat des Krankheet ugeet ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck