Huet d’Madamm Ministesch säit hirem Amtsuntrëtt Konventiounen mat privaten Akteuren ënnerschriwwen mat enger Lafzäit vun 20 Joer an zanter wéini ass dem Ministère bekannt, dass schonn ënnerschriwwen Konventiounen mat EU-Recht kéinte kollidéieren ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir lech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Wunnengsbau weiderzeleeden.

An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Froen n°1009 an 1013 iwwer de soziale Wunnengsbau mécht d’Madamm Ministesch fir Wunnengsbau dach erstaunlech Aussoen.

Si verweist e.a. drop, dass de Ministère seng staatlech Hëllefen misst konform setzen mat der Decisioun 2012/21/UE vun der europäescher Kommissioun vum 20. Dezember 2011 iwwer staatlech Bäihëllefen als Kompensatioun fir ëffentlech Déngschtleeschtungen, déi vun verschiddenen Entreprisen erbruecht ginn.

Weider heescht et, dass duerch eng méi laang Lafzäit vun de Konventiounen et erlabe wäert, datt déi eventuell Sozialbegleedung vun de Locatairen, iwwert de Wee vun engem sozial engagéierten « Bailleur social », finanzéierbar bleift. Virun allem géif awer séchergestallt ginn, datt dës Wunnengen iwwer mindestens 40 Joer ënnerhale ginn an domadder och d’Bausubstanz vu gudder Qualitéit bleift.

Mir wéilte duerfir gäer folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

1.      Huet d’Madamm Ministesch säit hirem Amtsuntrëtt Konventiounen mat privaten Akteuren ënnerschriwwen mat enger Lafzäit vun 20 Joer ?

 

o   Wa jo, kann d’Madamm Ministesch eis eng Lëscht vun deene Konventioune ginn?

 

o   Kann d’Madamm Ministesch eis erkläre firwat dës Akteuren anescht behandelt goufen, wéi z.B. de Kierchefong?

 

o   Ënnert wéi enge Konditiounen verlounen dës Akteuren dës subventionéiert Wunnengen?

 

o   Kann d’Madamm Ministesch bestätegen, dass dës Konventiounen konform mat EU-Recht sinn?

 

2.      Säit wéini ass dem Ministère bekannt, dass schonn ënnerschriwwen Konventiounen mat EU-Recht kéinte kollidéieren?

 

o   Wéi eng Konventiounen sinn dovunner betraff?

 

o   Gedenkt d’Ministesch dës Konventiounen nei ze verhandelen?

 

o   Besteet net de Risiko, dass déi betraffen Akteuren illegal staatlech Bäihëllefen dem Staat mussen zréckbezuelen?

 

o   Wie géif der Madamm Ministesch no, de Suivi social iwwer 40 Joer maachen, am Fall vu der Locatioun vu Logementer, déi vum Kierchefong oder vun anere privaten Akteuren gebaut ginn?

Här President, ech bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Gilles Roth
Deputéierten

 

Zréck