Huet d’Madamm Minister scho konkret Demarchen ënnerholl fir datt et an Zukunft net méi zu esou unilaterale Grenzschléissungen an der Groussregioun kënnt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir d‘Groussregioun weider ze leeden.

D’COVID-19 Pandemie an déi domat verbonne Mesuren hu leider zu unilaterale Grenzschléissungen a Grenzkontrollen an der Groussregioun gefouert. Och déi dräi Nopeschlänner vu Lëtzebuerg hu vun dësem Recht Gebrauch gemaach, wat zu vill Chaos an de Grenzuertschafte gefouert huet. Säit e puer Wochen normaliséiert d’Situatioun sech lues a lues.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Huet d’Madamm Minister scho konkret Demarchen ënnerholl fir datt et an Zukunft net méi zu esou unilaterale Grenzschléissungen an der Groussregioun kënnt?
  2. Gedenkt d’Madamm Minister dëse Punkt op den Ordre du Jour vun enger nächster Reunioun um Niveau vun der Groussregioun setzen ze loossen, fir Mechanismen ze schafe fir datt et am Fall vun enger 2. COVID-19 Well net méi zu Grenzschléissungen a Grenzkontrollen an der Groussregioun kënnt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Léon Gloden

Deputéierten

Zréck