Gratis ëffentlechen Transport: Repercussiounen fir den interkommunale Bussyndikat TICE an déi Gemengen déi an Eegeregie een ëffentlechen Transport organiséieren ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 186

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de gratis ëffentlechen Transport un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Den  interkommunale Bussyndikat TICE a verschidde  Gemenge mat hirem eegene Busservice wéi zb d’Staat  Lëtzebuerg sinn e wichtege Bestanddeel vun der Mobilitéitsketten a suergen derfir dass d’Leit op e qualitativ héichwäertege Service kënnen zréckgräifen. Am Kader vum geplangte gratis ëffentlechen Transport, wou bis dato leider nach keng Detailer bekannt sinn, stellen sech fir des Acteuren awer eng Rei vu Froen, virun allem um Niveau vum Finanzement.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

  • Wei eng Repercussiounen huet de gratis ëffentlechen Transport fir den interkommunale Bussyndikat TICE an déi Gemengen déi an Eegeregie een ëffentlechen Transport  organiséieren ?
  • Ass geplangt de finanziellen Ausfall, bedéngt duerch manner Recetten, fir dës Gemengen ze kompenséieren?
  • Wa jo, wei kéint sou een Ausgläich ausgesinn ?
  • Wann Nee, firwat net ?
  • Wier et net ubruecht, dass de Staat respektiv de Ministère sech komplett ëm d’Organisatioun vum ëffentlechen  Transport am ganze Land géif këmmeren ?
  • Wat schwätzt fir respektiv géint sou eng Organisatioun ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Georges Mischo

Deputéierten

Zréck