Ginn et Retarde bei Adapto (fréieren Novabus) Ufroen ?

Réponse à la question N° 1626 (Question écrite) de Madame Sylvie Andrich-Duval, Députée concernant Service de transport Adapto, par Monsieur François Bausch, Ministre du Développement durable et des Infrastructures: QP 1626 Sylvie Andrich


 

Här President,
Laut Artikel 80 vum Chambersreglement, bieden ech Iech folgend Fro iwwert den Transport- Service “Adapto” un den Här Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch weiderzeleeden.
Den Transport-Service, dee bis Ufank dëses Jores als Novabus am ganze Land bekannt war, gouf virun e puer Méint ëmgedeeft an heescht elo “Adapto”, grad esou wéi den “Ediff” Transport elo de neien Numm ” Capabs” dréit.
Et handelt sech heibäi ëm e spezialiséierte Ruffbussystem matt deem Leit matt enger Behënnerung kënnen op hir Aarbecht, respektiv Leit mat spezielle Bedierfnisser kënne Fahrten accordéiert kréien, e.a. och bis bei hiren Dokter, an op dee Wee onofhängeg bleiwe vun Drëttpersounen.
Zënter dem 1. Mee ass de Novabus-System grad wéi dee vun den “Ediff”-Transporter reforméiert ginn a fält net méi ënnert Kompetenz vun der Familljeministesch an dem Inneminister, mee ënnersteet just nach dem Nohaltegkeetsminister. Dës Reform hat och am Virfeld fir Kritike vun de Behënnertenorganisatiounen un der Informatiounspolitik vum Nohaltegkeetsministère gesuergt.
Et ass mer elo zu Ouere komm, datt bedauerlecherweis d’Demande fir déi jo elo net méi gratis Adapto-Kaart oder speziell Adapto-Ufroen ëfters mat Retarde bis zu 4 Méint behandelt géife ginn. Och Leit, déi den Adapto vum Dokter opgeschriwwe kritt hunn an drop ugewise si wéinst enger medezinescher Behandlung transportéiert ze ginn, missten dës Waardezäit mat a Kaf huelen oder kréiche geäntwert, si missten sech dann eben en Taxi huelen. Hei handelt sech haaptsächlech ëm eeler Leit oder awer Leit matt engem méi oder manner graven Handicap.
Dofir folgend Froen un den Här Minister:
 Kann den Här Minister mer dëst bestätegen a wa jo, wéivill Demandë leien do?
 Deelt den Här Minister meng Meenung, datt esou laang Friste vu bis zu 4 Méint net acceptabel sinn? Wat gedenkt en dergéint z’ënnerhuelen?
 Wéi gedenkt de Minister de concernéierte Leit en attendant kuerzfristeg ze hëllefen?
 Wier et net sënnvoll Drénglechkeetskritäre fir d’Behandlung vun den Demanden ze berücksichtegen?
 Ass et denkbar, dass an deene Fäll sech d’Gesondheetskeess un den ufalenden Taxiskäschte kéint bedeelegen?
 Wéivill Leit hunn de Moment eng Adapto-Kaart an a wéivill Persoune kruten hier speziell Ufroen accordéiert ? Wat ass d’Differenz par Rapport zu der Zuel vun de fréieren Novabusbenotzer?
 Huet den Här Minister Kritäre fixéiert déi garantéieren, dass all Ufro gläich behandelt gëtt? Wa jo wat fir eng? Am anere Fall, ass et virgesi fir esou Kritären anzeféieren?
Mat déiwem Respekt.
Sylvie Andrich-Duval
Deputéiert

Zréck