Gëtt et mëttlerweil eng definitiv Versioun vum nationale Strategieplang fir d’Landwirtschaft ?

D’Äntwert op dës dréngend parlamentaresch Fro kënn der hei noliesen : QP Strategieplang LW

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den nationale Strategieplang fir d’Landwirtschaft fir d’Period 2023-2027 soll bis den 31. Dezember 2021 der europäescher Kommissioun ënnerbreet ginn. Mir haten duerfir och schonn Mëtt November 2021 d’Zesummekomme vun enger Landwirtschaftskommissioun gefrot. Zu där Sitzung koum et awer net.

Well den Datum vum 31. Dezember 2021 ëmmer méi no kënnt, an et, eisen Informatiounen no, nach keen definitiven Strategiepabeier gëtt, wéilte mir folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen :

  • Gëtt et mëttlerweil eng definitiv Versioun vum nationale Strategieplang fir d’Landwirtschaft ?
  • Ass dëse ggf. schonn un d’EU-Kommissioun iwwermëttelt ginn ?
  • Sollt dat de Fall sinn, wier et méiglech eng Kopie vun deem Plang ze kréien ?
  • Sollt dat net de Fall sinn, firwat läit nach kee fäerdege Plang vir ?
  • Wäert d’Regierung d’Frist vum 31. Dezember 2021 kënnen anhalen ? Sollt dat net de Fall sinn, wat sinn d’Ursaachen heivir ? Ass den Här Minister nach am gaangen Remarquen, Observatiounen a Suggestiounen, déi aus de Consultatiounen ervirgaangen sinn, ze verschaffen ? A wéi eng Richtung gi méiglech zousätzlech Adaptatiounen vum Strategieplang ?

Mat déifstem Respekt,

 

Martine Hansen

Octavie Modert

Zréck