Gett et eng national Definitioun vum Parcellaire agricole, wëssentlech dat et heizou eng europäesch Gesetzgebung am Kader vun der Agrarpolitik gëtt, déi dëst festleet?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Naturschutzgesetz un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Am Kader vum Artikel 13 vum modifizéiert Naturschutzgesetz vun 2018 besteet d’Méiglechkeet fir en Changement d’affectation vun engem Fonds forestier ze maachen. Sou huet een d’Méiglechkeet seng landwirtschaftlech Parzellen ze restrukturéieren an zum Beispill e neie Bësch als Ausgläich op enger anerer Parzell unzeplanzen. Dobäi gouf d’Restructuration du parcellaire agricole am Commentaire vun den Artikele folgendermoossen definéiert : « … déboisement marginal en bordure des labours afin de faciliter le travail des exploitants agricoles ». Als Beispill gouf de Passage des machines genannt.

Mengen Informatiounen no goufen an der Vergaangenheet esou Ufroe fir Bëscher an der Zone verte accordéiert, an aner Ufroe fir Bëscher an der Gewaan refuséiert mam Verweis, dësen Artikel 13 wär restriktiv fir Bëscher ugrenzend un d’Betribsgebäier ze gesinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Wéi vill Demandë goufen zanter 2018 agereecht di sech op de besoten Artikel 13 vum Naturschutzgesetz referenzéieren?
  • Wéi vill dovunner goufen der accordéiert, respektiv refuséiert?
  • Wat si méiglech Grënn fir en Refus?
  • Wat ass aktuell déi legal Definitioun vun engem Fonds forestier?
  • Wat sinn d’Critèren oder villméi d’maximal Flächegréisste vun engem Déboisement marginal ?
  • Stëmmt et dat den Ëmweltministère an eenzele Fäll en Refus d’autorisatioun domadder motivéiert huet, dat de Bësch net ugrenzend un d’Betribsgebäier war? Wann jo, wouduerch motivéiert den Ministère des Argumentatioun, wëssentlech dat den Artikel 13 vum modifizéierten Naturschutzgesetz, an och am Commentaire des articles, dozou keng Restriktioun festleeën?
  • Gett et eng national Definitioun vum Parcellaire agricole, wëssentlech dat et heizou eng europäesch Gesetzgebung am Kader vun der Agrarpolitik gëtt, déi dëst festleet?
  • No wéi enge Critère entscheed d’Ëmweltverwaltung op di folgend Bedéngung „faciliter le travail des exploitants agricoles“ erfëllt ass?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck