Gëtt et am Moment nach guer keen Inventar vun den Dokumenter vum Fonds des Dommages de guerre?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un d’Madamm Kulturministesch weiderzeleeden.

Den 20. Oktober huet de Staatsministère, méi präzis den « Service des Ordres nationaux », iwwert eng Annonce an der nationaler Presse eng Ausschreiwung fir eng « Inventorisation et reconditionnement du fonds Dommages de guerre subis au cours de la Seconde Guerre mondiale » lancéiert. Déi betreffend Dokumenter, déi sollen inventariséiert ginn, ginn am Staatsarchiv conservéiert. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Staatsminister an un d’Madamm Kulturministesch stellen:

  • Gëtt et am Moment nach guer keen Inventar vun den Dokumenter vum Fonds des Dommages de guerre?
  • Wat fir Aarbechten sollen genee duerchgefouert ginn?
  • Wéi laang wäert et viraussiichtlech daueren, bis d’Aarbechten kënnen ofgeschloss ginn?
  • Wisou huet de Staatsministère d’Ausschreiwung lancéiert, an net de Kulturministère, deen fir de Staatsarchiv zoustänneg ass?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler

Zréck