Gedenkt d’Regierung eng Informatiounscampagne zu de Verhalensreegele géint iwwer dem Wollef ze lancéieren, wuel wëssend dass sech grad vill Touristen am Land, a speziell am Osten, befannen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Wéi d’Naturverwaltung dës Woch matgedeelt huet, konnt d’Presenz vum Wollef am Beräich Iechternach an zu Beefort an de leschte Wochen nogewise ginn. An dëser Regioun si besonnesch vill Touristen, ënnert anerem mat Kanner an Hënn, ënnerwee, dat zum Beispill um Mëllerdalltrail. Och kéinten d’Baurebetrieber mat Véi op der Wiss vun dëser Nouvelle betraff sinn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Ministesch stellen:

    • Gedenkt d’Regierung eng Informatiounscampagne zu de Verhalensreegele géint iwwer dem Wollef ze lancéieren, wuel wëssend dass sech grad vill Touristen am Land, a speziell am Osten, befannen?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Deputéiert

Zréck