Gedenkt d’Regierung eng Etüd duerchzeféiere wéi vill Liewensmëttel nei verpaakt musse gi fir konform mat der Lëtzebuerger Gesetzgebung ze sinn a wéi vill zousätzlechen Offall doduerch produzéiert gëtt?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Rezent gouf an der Presse Kritik vun den Handelsvertrieder zu de neien Offallgesetzer geäussert. Am Spezielle geet et dorëms, dass zanter Ufank vun dësem Mount d’Supermarchéë verschidden Zorte vu frëschem Uebst a Geméis, bzw. Quantitéiten dovunner, net méi däerfen am Plastik verkafen.

Laut de Branchevertrieder misste doduerch Liewensmëttel déi aus dem Ausland importéiert gi – wat de Groussdeel vun de Produit’en ausmécht – aus hire Verpackunge geholl an nei verpaakt ginn. Doduerch géif am Endeffekt nach méi Offall generéiert ginn. Leider ass de Marché fir Lëtzebuerg ze kléng, soudass d’Produzenten net extra Verpackunge fir Lëtzebuerg produzéieren.

An dësem Kontext géif ech gäre weider folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  1. Ass d’Ministesch sech dëser Problematik bewosst? Steet Sie am permanenten Austausch mat den Handelsvertrieder bzw. mat de Supermarchéen direkt?
  2. Wa jo, ass d’Regierung gewëllt eppes ze ënnerhuele fir eng Ëmverpakung vun de scho verpaakte Liewensmëttel ze evitéieren an esou zousätzlechen Offall ze spueren? Musse do Upassungen um bestoende Gesetzestext gemaach ginn? Wa jo, wéi eng?
  3. Gedenkt d’Regierung eng Etüd duerchzeféiere wéi vill Liewensmëttel nei verpaakt musse gi fir konform mat der Lëtzebuerger Gesetzgebung ze sinn a wéi vill zousätzlechen Offall doduerch produzéiert gëtt?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck