Gedenkt d’Regierung deene Gemengen, déi Probleemer bei der Organisatioun oder beim Finanzement vum Schoultransport hunn, Hëllefen unzebidden?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

D’Administration des transports publics huet matdeele gelooss, dass duerch d’Reorganisatioun vum RGTR-Busreseau, de Schoultransport vun de Schüler aus dem Enseignement fondamental komplett getrennt ginn ass vum reguläre Service vum RGTR. D’Exploitatioun vum Schoultransport ass deemno net méi Deel vun de Kontrakter tëscht dem Ministère an dem RGTR. Doduerch ënnerläit den Transport vun de Grondschüler vun der Schoulrentrée 2023/24 un der Kompetenz vun de Gemengen. De Ministère kënnt deemno och net méi fir de Finanzement an d’Organisatioun vun den entspriechende Schoulbuslinnen op. Dëst féiert zu Méikäschte fir d’Gemengen, an dat virun allem fir déi Gemengen am ländleche Raum, wou méi Schoulbusse musse fueren a méi grouss Distanzen zeréckgeluecht musse ginn.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wéi begrënnt d’Regierung dës Decisioun?
  • Gedenkt d’Regierung deene Gemengen, déi Probleemer bei der Organisatioun oder beim Finanzement vum Schoultransport hunn, Hëllefen unzebidden?
    • Wa jo, a wéi enger Form?
    • Wann net, firwat net?

 

Här President, ech bieden Iech dës Fro, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck