Gedenkt den Här Minister, den ex-Prisonéier eng Hëllef ze ginn, fir hinnen ze erméiglechen, eng éierbar Pensioun ze kréien?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Bis dato ass et esou, dass d’Aarbecht, déi ee Prisonéier wärend senger Zäit am Prisong mécht, net fir seng Pensioun ugerechent gëtt. Dëst féiert dozou, dass wann hien bis op Fräiem Fouss ass an ee Recht op eng Pensioun huet, dës kann ganz niddereg ausfalen. Den ex-Prisonéier, fir dee soss eng Rei Saachen ënnerholl ginn, fir him eng zweet Chance ze ginn, gëtt esou mat enger ze niddreger Pensioun un d’Aarmutsgrenz gedréckt. Fir dëst ze vermeiden, wier et a mengen Aen sënnvoll, am Kader vun dëser zweeter Chance den ex-Prisonéier eng Hëllef ze ginn, fir op eng éierbar Pensioun ze kommen. Wann ee Leit wëll resozialiséieren, dierf een se net nees an d’Aarmut dreiwen.

Dowéinst hunn ech folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet:

  • Gedenkt den Här Minister, den ex-Prisonéier eng Hëllef ze ginn, fir hinnen ze erméiglechen, eng éierbar Pensioun ze kréien?
  • Wier et an deem Kontext denkbar, dass d‘Aarbecht, déi ee Prisonéier wärend senger Zäit am Prisong mécht, fir seng Pensioun ugerechent kéint ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck