Fro iwwert wahrscheinlech Optriede vum Wollef zu Lëtzebuerg

Réponse à la question N° 3157 (Question écrite) de Madame Martine Hansen, Députée, Monsieur Gilles Roth, Député concernant Loup, par Madame Carole Dieschbourg, Ministre de l’Environnement :QP 3157

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert wahrscheinlech Optriede vum Wollef zu Lëtzebuerg un Madame Minister fir Ëmwelt weiderzeleeden.

Lescht Woch sinn am Raum Holzem-Garnech 8 doudeg Schof an enger Wiss opfonnt ginn, déi méiglecherweis vun Wollef gerass kéinte gi sinn. Fir definitiv Opschless ze kréie musse Resultater vun DNA-Prouwen ofgewaart ginn.

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt dës Fro stellen:

  • Wéini sinn d’Resultater vun den DNA-Analysen do ?

Laut eisen Informatioune sinn an der selwechter Géigend wou Schoof fonnt goufen, 2 mol hannert enee Béischte vun engem onbekanntem Deier duerch den Drot gedriwwe ginn. Dës Béischte goufen nierft der Areler Autobunn A6 erëmfonnt.

An deem Kader, wollte mir der Madame Minister fir Ëmwelt dës Fro stellen :

  • Kann Madame Minister ons déi uewegenannte Tëschefäll bestätegen ?

  • Ass mëttlerweil bekannt duerch wei een Déier, Béischten aus hirer Perche gedriwwe goufen ?

Laut eisen Informatiounen ass an där Wiss och Kot fonnt , dee weder vun engem Rand, nach vun engem Hond oder Fuuss schéngt ze sinn.

  • Kann Madame Minister des Ausso bestätegen?

  • Ginn Analyse vun dësen Exkrementer gemaach?

  • Wéini sinn d’ Resultater do?

  • Kann Madame Minister ausschléissen, dass hei zu Lëtzebuerg Wëllef ausgeweldert respektiv ugesidelt goufen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Gilles Roth

Députéiert

Zréck