Freet den Enregistrement de Biogasproduzenten d’TVA fir 5 Joer nodréiglech ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, folgend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister an un den Här Finanzminister weiderzeginn.

Et schéngt wei wann den Enregistrement décidéiert hätt, de Biogasproduzente mat Gasaspeisung, réckwierkend op d‘Joeren 2010-2014, d‘TVA vu 6% op d’Remuneratioun vun dem gesamte Gasaspeisungsvolum zréck ze froen. Ausser wann ech mech géif ieren, steet dovunner näischt am „Règlement grand-ducal du 15 décembre 2011 relatif à la production, la rémunération et la commercialisation de biogaz“. Laut mengen Informatiounen wier de Biogasproduzente Säitens vum Wirtschaftsministère op Nofro hinn ëmmer gesot ginn si bräichte keng TVA oofzefeiere, well op der Säit vun de Beneficiairë vum agespeiste Gas och keng TVA geschëlt gëtt mee just um Endkonsument.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un déi concernéiert Ministere stellen.

• Kennen d‘Ministere mir des Décisioun vum Enregistrement bestätegen ?
• Firwat freet den Enregistrement lo no 5 Joer réckwierkend TVA zréck an wat ass déi legal Basis vun dëser Décisioun ?
• Kann de Wirtschaftsminister des Decisioun novollzéien ? Wa jo firwat ?
• Wéi héich sinn déi finanziell Inzidenze fir d‘Gasaspeiseproduzente ?
• Ass de Wirtschaftsminister sech bewosst, dass duerch sou eng Décisioun Gasaspeiseproduzente riskéieren a nach méi grouss finanziell Schwieregkeeten ze geroden ?
• Wa jo, huet de Wirtschaftsminister wëlles beim Finanzminister ze intervenéiere fir eng nohalteg Léisung fir Biogasproduzenten ze fannen ?
• Ass de Finanzminister bereet am Fall wou d’TVA ofgefouert muss ginn den Anlagen esoulaang Zäit ze gi vir se ze bezuele bis dass déi am November 2014 ugekënnegte Präisupassung vir d‘Gasaspeisung ausbezuelt ass?
• Ass de Wirtschaftsminister gewëllt een Effort um Aspeisetarif ze maachen am Fall wou d‘TVA vun dem Gasaspeisetarif oofgefouert muss ginn?
• Wa nee, firwat ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Félix Eischen
Députéierten

Zréck