D’Fourrière vun der Police zu Esch/Belval ass aus Sécherheetsgrënn mat Effet immédiat zougemaach ginn. Wat mëscht d’Regierung fir d’Police bäi der Sich no enger provisorescher Léisung ze ënnerstëtzen ? Firwat gouf net schonn 2019 mat der Sich no enger provisorescher Léisung ugefaangen ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, géife ech Iech bieden folgend dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a fir bannenzeg Sécherheet betreffend déi administrativ Fourrière vun der Police zu Esch/Belval weiderzeleeden.

 

Am Mee d’lescht Joer hat ech de Minister op méiglech Sécherheetsproblemer an der Fourrière vun der Police zu  Esch/Belval ugeschwat. Dat (i) nodeems d’Kulturministerin matgedeelt hat, dass d’Gebléishal aus Sécherheetsgrënn net fir Esch 2022 zur Verfügung stéing a (ii) well an deem selwechte Gebai och d’Fourrière vun der Police ënnerbruecht ass.

 

De Minister huet deemools gemengt:

 

„Generell ass et esou datt d’Polizisten, respektiv d’Mataarbechter vun Ofschleefdéngschter, d’Propriétairen vun deenen ofgeschleeften Autoen an d’Visiteure vun Autosteeën an dëser Hal just déi Zait präsent sinn, déi néideg ass.“

 

Mengen Informatiounen no, ass d‘Fourrière elo duerch Decisioun vum 14. August 2020 aus Sécherheetsgrënn a mat Effet immédiat zougemaach ginn. D’Police wier iwwerdeems op der Sich no enger provisorescher Léisung.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un den Här Minister stellen:

 

  • Kann den Här Minister dës Informatiounen bestätegen?

 

  • Besëtzt de Staat respektiv de Fonds Belval Terrainen / Gebailechkeeten am Süde vum Land déi als Provisorium kéinte dengen?

 

  • Wa jo, wou befanne sech dës „Immobilien“?

 

  • Wann net, firwat gouf net schonn 2019 mat der Sich no enger provisorescher Léisung ugefaangen (en vue vun enger definitiver Léisung am Beräich vum Rond-Point Raemerich zu Esch/Belval?

 

Mat déifstem Respekt,

 

Georges Mischo
Deputéierten

Zréck