Firwat sti vill fix Radaren net op den eigentleche Geforepunkten ?

– Question n°154 du 19 janvier 2016 de Mme Octavie Modert relative à l’emplacement des radars fixes, adressée à M. le Ministre du Développement durable et des Infrastructures

Mme Octavie Modert (CSV).- Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, vum Februar u sollen déi éischt Radaren, fir d’Vitesse op de Stroossen ze moossen, operationell ginn an d’Objektiv ass: Liewe retten. Dat huet och de Minister ëffentlech deklaréiert. Sënn an Zweck vun de Radare wär net, de Leit Geld aus der Täsch ze zéien, fir souzesoen „Abzocke ze maachen“, mä d’Radare sollte preventiv wierken, dat heescht, se sollten eben op Geforepunkten, op ganz schwierege Plazen op der Strooss schwéier Akzidenter verhënneren oder op d’mannst awer hir Zuel reduzéieren.

Mat deem Prinzip sinn a ware mir averstanen. Esou Geforepunkte wären ausgemaach ginn unhand vun de Statistike vun den Akzidenter respektiv schwéieren Akzidenter aus de vergaangene Joren. Elo ass awer festzestellen, datt déi genau Plazen, wou vill Radaren installéiert gi sinn, wou an de leschte Woche Kabele geluecht gi sinn, ebe just net op esou Geforepunkte sinn, mä een oder méi Kilometere wäit dovunner ewech. Et schéngt, wéi wann déi Radaren do installéiert gi wären, wou Elektresch läit. Dat awer wär e ganz anere Kritär wéi dee vun der Entschäerfung vun de reelle Geforen an Akzidentsursaachen.

Meng Froen un den Här Minister:
– Firwat sinn d’Radaren net op de wierklech geféierleche Streckenabschnitter, den eigentleche Geforepunkten, opgestallt ginn, also genau do, wou schwéier an déidlech Akzidenter geschitt sinn an der Vergaangenheet a wou d’Radare gutt wären? Elo sti grad op deene Plaze keng Radaren. Et sinn also keng preventiv Moossnamen a Vermeidungsstrategien do, wou et wichteg wär. Den Elektreschuschloss ka jo net den Ausschlag gi fir d’Installéierung vun engem Radar; dat musse jo aner Kritären ausmaachen.
– Wéini war de Minister informéiert vum genauen Emplacement, wou d’Radaren elo opgestallt gi sinn? Sollt et esou sinn, wär dat richteg datt hei d’Kamouditéit soll priméieren iwwert d’Effikassitéit, also iwwer Sënn an Zweck vun der Moossnam, déi fir Preventioun an Akzidentsverhënnerung steet?
– Wann dat net de Fall ass, wat ass dann tatsächlech bezweckt mat de Radaren, do, wou se elo hi stoe kommen? Well se stinn net iwwerall op de kriteschen a geféierleche Punkten, wou bekannt ass, datt schlëmm Akzidenter geschitt sinn, a wou et drëm geet, fir Liewen ze retten.

Merci.

Zréck