Firwat sinn d’Präisser fir eng Fuerstonn zu Lëtzebuerg sou exponentiell méi héich wéi an eisen Nopeschlänner?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

An senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro N°8164 zum Taux d’Echec am praktesche Fürerschäinsexame confirméiert de Minister fir Mobilitéit dass sech dësen aktuell bei ronn 52% agependelt huet, an iwwert déi läscht 10 Joer konstant an d’Luucht gaangen ass. Dofir soll an Zukunft „de Fokus an der Ausbildung op de sougenannte “risk awareness” geluecht ginn. Fir insgesamt déi jonk Chaufferen besser op d‘Erausfuerderunge vum moderne Verkéier virzebereeden zu kënnen misst een eventuell bei enger Reform vum Apprentissage driwwer nodenke fir d’Zuel vun den obligatoresche Stonnen an d’Luucht ze setzen fir esou dann och den Taux d’Échec erof ze kréien.“

 

Ausserdeem gëtt an der Äntwert een ongläiche Verglach gemaach tëscht dem duerchschnëttleche Preis fir de Fürerschäin zu Lëtzebuerg an dem Präis am Ausland. Zu Lëtzebuerg bezilt een am Duerchschnëtt 1.600 EUR fir eleng 16 praktesch Fuerstonnen an d‘Theorie. Am Fall vun engem Echec kommen nach eemol ronn 750 EUR dobäi. An der Belge kascht de Fürerschäin 1700 EUR, alles abegraff mat duerchschnëttlech 20 Fuerstonnen an a Frankräich läit ee bei engem Duerchschnëttspräis vun 1800 EUR, dat awer fir 35 Fuerstonnen. An eisen Nopeschlänner ginn deemno méi praktesch Virbereedungsstonnen ugebuede fir den ongeféier gläiche Präis.

 

An dësem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Wéi eng konkret Mesurë gesäit de Minister vir, fir „de Fokus an der Ausbildung op de sougenannte risk awareness“ ze leeën?
  • Firwat sinn d’Präisser fir eng Fuerstonn zu Lëtzebuerg sou exponentiell méi héich wéi an eisen Nopeschlänner?
    • Wéi steet Lëtzebuerg am EU-Verglach do a punkto Präis fir eng Fuerstonn?
    • Wéi kéinten d’Leit nach besser op de praktesche Fürerschäinsexame virbereet ginn ouni dat et méi deier gëtt?
  • Ass de Minister net der Meenung, dass doduerch, dass vill Leit beim éischte Versuch vum prakteschen Examen duerchfalen, d’Präisdifferenz par Rapport zum Ausland ëmmer méi grouss gëtt an d‘Leit sech de Fürerschäin net méi leeschte kënnen?
  • Firwat gëtt et zu Lëtzebuerg kee Gesamtpräis, wou Extra-Fuerstonnen abegraff wieren, fir de Fall wou een de Praxisexamen net beim éischte Versuch packt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, ép. Kemp

Deputéiert

Zréck