Firwat kënnen elo « Rentenempfänger » an den Usproch vun de Bioprimme kenne kommen ? Riskéiert den Drock op d’Land net nach méi grouss ze ginn wann elo Asbl’en a Stëftungen an de Genoss vun Agrarëmweltprimme kenne kommen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech, des parlamentaresch Fro Här Landwirtschaftsminister weider ze leeden.

Den 9. Dezember 2020 ass dat neit groussherzoglecht Reglement vum 4. Dezember 2020 iwwert Agrar-ëmwelt- a klimaschutzmossnahme publizéiert ginn. Duerch dëst Reglement ginn eng Rei vun Agrar-ëmwelt- a klimaschutzmossnahmen ergänzt respektiv ofgeännert sou ënnert anerem och bei der Biolandwirtschaft.

Eng vun den Ännerungen an der Biolandwirtschaft besteet doranner dass och elo « Rentenempfänger » (Landwirt iwwer 65 Joer) an den Usproch vun de Bioprimme kenne kommen. Bis elo wären dës Primmen ëmmer dem aktive Bauer, deen nach net Rentenempfänger war, virbehalen ënnert anerem och fir de Generatiounswiessel ze fërderen

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen

  • Firwat ass déi uewegenannten Ännerung gemaach ginn ?
  • Firwat ass et déi Ännerung net och fir déi aaner Emweltbäihëllefe getraff ginn ?

Dat néit groussherzoglecht Reglement vum 4. Dezember gesäit och elo vir dass Asbl’en a Stëftungen an de Genoss vun den Agrarëmweltprimme kenne kommen. Am ale groussherzogleche Reglement vum 24 Mee 2017 waren d’Asbl’en a Stëftunge genee wei « personnes morales de droit public » nach vun de Primmen ausgeholl.

An dësem Kontex géife mir gäre folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen

  • Firwat ass déi Ännerung gemaach ginn ?
  • Riskéiert domadder den Drock op d’Land net nach méi grouss ze ginn ?
  • Wéi vill Hektar ginn aktuell vun d’Asbl’en a Stefftunge bewirtschaftet ?
  • Kenne Asbl’en a Stëftungen a Zukunft vun all de Primmen aus dem groussherzogleche Reglement vum 4. Dezember 2020 profitéieren?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                  Octavie Modert                        

 

Deputéiert

Zréck