Fir wat huet de Minister decidéiert d’Primm fir erluechten Wëllschwäin, deenen hir Karkass manner ewéi 30 Kilo weit, ofzeschafen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no gëtt vum 15. Oktober un keng Primm fir erluechten Wëllschwäin, deenen hir Karkass manner ewéi 30 Kilo weit, méi un d’Jeeër ausbezuelt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Des Primm war agefouert ginn am Kader vun der Lutte géint Schwéngspescht. Fir wat huet de Minister decidéiert, des Primm ofzeschafen?
    • Bedeit d’Ofschafe vun der Primm, dat hei am Land keng Gefor méi vun der afrikanescher Schwéngspescht fir de Schwéngssekteur ausgeet?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck