Evaluatioun vun der Taxisreform: Wei eng Kompetenzen huet Service des Taxis vum Mobiliteitsministère ? Wei vill Kontrollen sinn vun der Police an der Douane um Terrain duerchgefouert ginn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP390

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro zu dem Taxiswiesen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte a Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här är Finanzminister weider ze leeden.

An der Äntwert op Fro No 209 vum 16. Januar 2019 iwwer d’Evaluatioun vun der Taxisreform präziséiert Regierung dass vereenzelt Taxichaufferen sech net un Dispositioun vum Gesetz halen an probéieren de Client op den éischten Taxi ze verweisen. Dëst wier net konform zum Gesetz a kann, bei entspriechende Beweiser un de Service des Taxis vum Mobiliteitsministère matgedeelt ginn oder per Plainte bei der Police gemellt ginn.

An dësem Kontext wollt ech den Häre Minister folgend Froe stellen

  • Wei vill Plainten sinn bis elo deposéiert ginn an wat war den Objet vun dëse Plainten ?
  • Wei vill mol ass bis elo den Service des Taxis vum Mobiliteitsministère kontaktéiert ginn ?
  • Wei eng Kompetenzen huet Service des Taxis vum Mobiliteitsministère ?
  • Wei vill Kontrollen sinn vun der Police an der Douane um Terrain duerchgefouert  ginn ?
  • Wei vill Suen sinn duerch déi Kontrollen erakomm ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck