Et existéiert ausser fir Restmüll a Pabéier keng eenheetlech Faarwgebung bei de Poubellen. Dat féiert oft zu Konfusioun a reegelméisseg gi verschidde Poubellen net eidel gemaach. Gedenkt den Ëmweltminister deem entgéint ze wierken zum Beispill a Form vun enger nationaler eenheetlecher Reegelung ?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu der Mülltrennung un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.

 

D’Mülltrennung spillt eng entscheedend Roll beim Ëmweltschutz an der Kreeslafwirtschaft: Materialien kënne recycelt, natierlech Ressourcë kënne geschount, d’Ëmweltverschmotzung ka reduzéiert, d’Energie ka gespuert a wirtschaftlech Virdeeler kënne generéiert ginn. Zu Lëtzebuerg trenne mir dofir onsen Dreck a maachen dat mat verschidde Poubellen. Leider existéiert ausser der groer Poubelle fir de Restmüll an der bloer Poubelle fir de Pabéier keng eenheetlech Faarwgebung. Poubellen fir gréng/organesch Offäll sinn entweder gréng oder brong, an déi Poubellë fir Glas si je no Gemeng gréng, brong oder giel. Dat féiert oft zu Konfusioun bäi de Firmen déi d’Poubellen ofhuelen sou datt reegelméisseg verschidde Poubellen net eidel gemaach ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:

  • Ass sech de Minister dëser Problematik bewosst? Goufen et an deem Kontext scho Gespréicher mat de Gemengen, respektiv Gemengesyndikater an därer Kompetenz de Sujet läit?
  • Gedenkt de Minister deem entgéint ze wierken zum Beispill a Form vun enger nationaler eenheetlecher Reegelung ?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck