Et ass an der Vergaangenheet widderhuelt zu Manipulatiounen vun den elektronesche Foussfesselen bäi Prisonéier komm. Wéi kënne sou Manipulatiounen verhënnert ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Justiz weiderzeleeden.

An engem „Land“-Artikel vu leschter Woch heescht et am Kontext vu haislecher Gewalt:

„Die Justiz hatte (…) geprüft, ob Inhaftierte durch den verstärkten Einsatz elektronischer Fußfesseln während des Covid-19 Lockdown hätten nach Hause geschickt werden können. Man habe davon abgesehen, so Martine Solovieff, „weil das Sicherheitsrisiko für unsere Beamten“ zu groß schien. In der Vergangenheit sei es wiederholt zu Manipulationen gekommen, so dass Beamte die Fesseln vor Ort und an der Person überprüfen mussten; in Corona-Zeiten keine gute Situation.“

Opgrond vun dësen Ausféierungen wéilt ech folgend Froen un den d’Madamm Minister stellen:

  • Wéi vill Persounen droen aktuell eng elektronesch Foussfessel?

 

  • Wéi vill vun deene Persounen koumen op Uerder vum Untersuchungsriichter an de Genoss vun där Moossnam?

 

  • Wéi vill Persounen profitéieren vun där Moossnam an der Approche «front door» respektiv «back door»? Fir wéi eng Infraktiounen a wéi ee Strofmooss gouf dës Moossnam applizéiert?

 

  • Wéi vill vun deene Persounen goufe wéinst haislecher Gewalt verurteelt? Firwat sollt dësen Dispositif an der Kris verstäerkt a Fäll vun haislecher Gewalt zum Asaz kommen?

 

  • Wéi oft ass dës Moossnam an de leschte 5 Joer revidéiert ginn? Wéi oft gouf se nach virun enger Condamnatioun revidéiert? Wéi oft gouf se revidéiert, nodeem se direkt agesat gouf aplaz vu festem Prisong? Wéi oft gouf se revidéiert, nodeem se als sozial Reintegratiounsmoossnam agesat gouf?

 

  • Wéi ee Bilan zitt d’Madamm Minister aus der „Legalisatioun“ vun der elektronescher Iwwerwaachung duerch déi elektronesch Foussfessel?

 

  • Wann d’Madamm Procureure générale d’Etat seet, et wier an der Vergaangenheet widderhuelt zu Manipulatiounen vun deene Bracelet komm, wéi vill där Fäll gouf et an der rezenter Vergaangenheet?

 

  • Wéi kann een sech dës Manipulatioune konkret virstellen?

 

  • Wéi eng Konklusiounen zitt d’Madamm Minister aus dësen Ëmstänn?

 

  • Wéi kënne sou Manipulatiounen verhënnert ginn?

 

  • Wéi eng Evolutiounen gëtt et bäi der Entwécklung vun neien Typpen vu „Foussfessel“ respektiv Iwwerwaachungsdispositifen? Envisagéieren déi zoustänneg Servicer nei Hard- a Softwaren anzekafen?

Mat déiwem Respekt,

Leon Gloden

 

Zréck