Erkennt d’Madamm Minister, dass eng Gefor vun ofgestuerwene Beem fir de Pompjee bei der Bekämpfung vum Bëschbrand, oder och fir de Spadséiergänger am Bësch, besteet? Ass Sie sech och bewosst, wéi vill Schued Doudholz bäi Iwwerschwemmunge mat sech bréngt?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, wëll ech dës parlamentaresch Fro iwwer Bësch- a Vegetatiounsbränn a Schied duerch Doudholz un d’Madamm Ëmweltministesch, wéi och un d’Madamm Innenministesch, stellen.

Ëmmer erëm kënnt et a ganz Europa zu geféierleche Bësch- a Vegetatiounsbränn. Och zu Lëtzebuerg souwéi an der Groussregioun war dat schonn de Fall, an dee Risiko besteet weiderhin. Beim Läsche vun de Bränn sinn d’Pompjeeën enger zousätzlecher Gefor ausgesat; ofgestuerwe Beem di nach net gehae goufen, kënnen duerch d’Feier urplëtzlech ëmfalen. Weider kennen ofgestuerwe Beem -egal op se nach stinn oder schonn um Buedem leien- als Brandbeschleuneger fungéieren.

Awer och bäi schlëmmem Héichwaasser, z.B. bäi Baachen déi duerch Bëscher an d’Dierfer lafen, ass Schwemmholz e reelle Problem.

An engem Reportage op 100,7 gouf 2022 gesot, dass de CGDIS an d‘ Naturverwaltung scho Kontakt opgeholl hätten, et war deemools awer nach net iwwert éischt Gespréicher eraus komm, an et missten nach Detailer vun der Zesummenaarbecht, zum Beispill wat den Accès op d’Bëschweeër ugeet, gekläert ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un déi Damme Ministerinne stellen:

  • Erkennt d’Madamm Minister, dass eng Gefor vun ofgestuerwene Beem fir de Pompjee bei der Bekämpfung vum Bëschbrand, oder och fir de Spadséiergänger am Bësch, besteet? Ass Sie sech och bewosst, wéi vill Schued Doudholz bäi Iwwerschwemmunge mat sech bréngt?
  • Si Moossname geplangt fir e bessere Kompromëss ze fannen tëschent Biodiversitéit a Sécherheet, dat heescht: op der enger Säit dem Totholz a senger Funktioun fir de Naturschutz gerecht ze ginn, an op der anerer Säit d’Besäitege vum Totholz als potenzielle Brandbeschleuneger, respektiv géint Héichwaasserschued? Wéi wëll d’Regierung hei virgoen?
  • Wéini wëll een d’Gespréicher tëschent dem CGDIS an der Naturverwaltung ofgeschloss hunn? Kënnen d’Ministesche schonn Detailer zu de Resultater vun dëse Reunioune ginn?

 

Här President, ech bieden Iech, mäi Respekt unzehuelen.

 

    Octavie Modert     

 

    Deputéiert

Zréck