Envisagéiert d’Regierung eng Verschäerfung vum Antitubaksgesetz?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Laut enger rezenter Studie stierwen zu Lëtzebuerg all Joer 1.000 Leit un de Folgen vum Tubakskonsum. Wéi verschidde Studien bewisen hunn, huet d’Produktioun vun den Zigaretten wéinst dem enormen Ressourcëverbrauch och Konsequenzen fir d’Ëmwelt. Derbäi kënnt, dat d’Natur duerch Zigarettenstëmmp verknascht gëtt. An trotzdeem geet den Tubakskonsum wieder erop, virun allem bei de jonke Leit. An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un d’Madamm Ëmweltministesch stellen:

  • Kënnt Dir d’Zuelen vun der Etude vun Fondation Cancer confirméieren?
    • Wéi gesäit d’Entwécklung an den eenzelen Alterskategorien aus?
  • Wat wëllt d’Regierung géint des Entwécklung maachen?
  • Envisagéiert d’Regierung en Eropsetzen vun den Tubakspräisser, esou wéi dat och an anere Länner zum Deel gemaach gëtt?
  • Envisagéiert d’Regierung eng Verschäerfung vum Antitubaksgesetz?
  • Wéini trëtt den neien « Plan National de Lutte contre le tabagisme » a Kraaft ?
  • Wéi vill kascht zu Lëtzebuerg all Joer d’Entsuergung vun den Zigarettestëmmp?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck