Éier et zu enger Auswäitung vun der Alphabetisatioun op Franséisch mat Bléck op d’Rentrée 2026/2027 kënnt, soll de Lucet (Luxembourg Center for Educational Testing) de Pilotprojet via Questionnairen un d’Elteren, standardiséiert Epreuven a Reflexiounsgruppen auswäerten. Kann den Här Minister eis am Detail driwwer informéieren, wouranner déi Questionnairen un d’Elteren an déi standardiséiert Epreuve wäerte bestoen a wat an deene Reflexiounsgruppe konkret wäert ugeschwat ginn?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Géintiwwer der Press huet den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend sech dëser Deeg zefridde mam Pilotprojet ronderëm d’Alphabetisatioun vu Schüler op Franséisch am Cycle 1 an der Grondschoul gewisen. Him léich um Häerz, dass een de Projet spéiderhi verallgemengere kéint. De Feed-back wier jiddefalls positiv, heescht et vu Säite vum Script (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques).

Éier et zu enger Auswäitung vun der Alphabetisatioun op Franséisch mat Bléck op d’Rentrée 2026/2027 kënnt, soll de Lucet (Luxembourg Center for Educational Testing) de Pilotprojet via Questionnairen un d’Elteren, standardiséiert Epreuven a Reflexiounsgruppen auswäerten, heescht et. Éischt Resultater sollen 2024 virleien, an e méi approfondéierten Tëschebilan soll laut Site vum Ministère 2026 erauskommen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

·      Kann den Här Minister mech am Detail driwwer informéieren, wouranner déi Questionnairen un d’Elteren an déi standardiséiert Epreuve wäerte bestoen a wat an deene Reflexiounsgruppe konkret wäert ugeschwat ginn?

·      Wéi eng Kompetenze vun de Kanner ginn evaluéiert?

·      Wéi gëtt d’Objektivitéit vun dëser Evaluatioun garantéiert?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

                                                                       

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck