Eng weider Fehlplanung am Kontext vum neie Fußball a Rugbystadion ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister vum Sport weider ze leeden.

Virun zwee Méint war bekannt ginn, datt de Budget vum neie Fussball- a Rugbystadion op der Kockelscheier nach emol däitlech iwwerschratt gëtt, ënner anerem well net un Kamerae geduecht gouf déi mam Police-Iwwerwaachungssystem Visupol kompatibel sinn, a well d’Wifi- a Mobilfunknetz net staark genuch war. Matt Gesamtkäschte vu ronn 80 Milliounen Euro, gëtt de Stadion elo scho 45 Millioune méi deier wéi ursprénglech geplangt. Laut Informatioune vun der Press ass dëst op eng Fehlplanung säitens vum Bureau d´études zréckzeféieren.

Dëser Deeg war an der Presse iwwert e weidere Mëssel riets.  Am neie Stadion gëtt elo an engem Eck vun der Tribün en hëlzent Haische gebaut, wou an Zukunft wärend de Matcher soll de Stadionspriecher, d’Police an d’Pompjeeë Plaz huelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen?
Wa jo, war dëst vun Ufank un esou geplangt oder war vergiess ginn eng Platz fir de Stadionspriecher, Police a Sekuriste virzegesinn?
Erfëllt dës hëlze Konstruktioun d’Normen déi virgesi sinn, fir datt Police a Sekuristen an esou engem grousse Stadion fir d’Sécherheet vun de Besicher kënne suergen?
 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

 

Zréck