D’Police huet bestätegt datt Kanner an deenen leschten Deeg am Süden vum Land vu friemen Männer, déi mat enger Camionnette ënnerwee waren ugeschwat a souguer ugepaakt ginn sinn. Kann d’Regierung matdeelen ob een virgesäit deemnächst verstäerkt bei de Schoulen ze kontrolléieren vir d’Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren an se ze schützen ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet ewéi och un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

 

D’Police huet bestätegt datt Kanner an deenen leschten Deeg am Süden vum Land vu friemen Männer, déi mat enger Camionnette ënnerwee waren ugeschwat a souguer ugepaakt ginn sinn. De Parquet wier a Kenntnis gesat ginn an hätt den Service vun der Police judiciaire mat enger Enquête chargéiert.

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung matdeelen ob een virgesäit deemnächst verstäerkt bei de Schoulen ze kontrolléieren vir d’Sécherheet vun de Kanner ze garantéieren an se ze schützen ?
  • Goufen et esou Fäll och an aner Géigenden vun eisem Land ?
  • Konnt een feststellen datt d’Täter probéiert haten Kanner matzehuelen ?
  • Kann d’Regierung matdeelen ob schonn éischt Resultater vun der Enquête virleien ?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

  Nancy Arendt, épouse Kemp

 

 

Deputéiert

 

Zréck