Den 28. September huet de Gesondheetsministère en Opruff gemaach, fir datt d’Elteren hir Kanner solle géint Bronchiolite impfe loossen. Wéi vill Dosen Nirsevimab sinn disponibel?

 

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Den 28. September huet de Gesondheetsministère en Opruff gemaach, fir datt d’Elteren hir Kanner solle géint Bronchiolite impfe loossen. An de Maternitéen ass d’Impfcampagne fir déi Neigebuere mëttlerweil ugelaf. An dem Kontext wëll ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Wéi vill Dosen Nirsevimab sinn disponibel?
  • Wéi vill Dose sinn insgesamt bestallt ginn?
  • Geet dat duer, fir nieft den Neigebuerenen och all d’Kanner, déi tëschent dem 1. Januar an dem 30. September 2023 gebuer sinn, ze impfen?
  • Ass den Impfstoff och bei de Kannerdokteren disponibel?
    • Wann nee, firwat net?
    • Ab wéini kënnen och d’Pediateren d’Kanner impfen?

Här President, ech bieden Iech mäin  déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden

Deputéierten

 

 

Zréck