Déi néi Nationalarchiven op Esch Belval sinn fir 2023 geplangt. Kann et sinn dat de Chantier de Projet “Esch Kulturhaaptstad 2022” deen am selwechten Quartier ofleeft stéieren wäert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un d’Madamm Kulturminister an den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no plangt d’Regierung déi nei Nationalarchiven op Esch Belval fir 2023 fäerdeg ze stellen. Dowéinst wäert an den nächste Joren e grousse Chantier op deem Site sinn, deen am selwechte Quartier ass wou “Esch Kulturhaaptstad 2022” wäert oflafen.

An dësem Kontext géif ech gären der Regierung folgend Froe stellen:

  • Kann de Minister des Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wéi gëtt garantéiert datt Esch 2022 net duerch de Chantier vun den Archive massiv gestéiert gëtt, esouwuel duerch Knascht wéi och duerch Kaméidi a Chantiersgefierer?
  • Gi speziell Sécherheetsmesure geholl fir de Chantier ofzeséchere wann grouss Mënschemassen an dem Quartier ënnerwee sinn?
  • Ass virgesinn de Chantier mat Visuellen oder änleche Mëttelen ze maskéiere fir datt d’Besicher vun Esch 2022 net op e Chantier musse kucken ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Georges Mischo

Deputéierten

 

 

Zréck