Déi leschten Wochen hunn sech allerlee Evenementer ronderëm den Cannabidiol (CBD) multiplizéiert. Vun Perquisitiounen vun Geschäfter am Grand-Duché bis zu Onkloerheeten am Zesummenhang mat Produiten, déi op der Hemp-Expo zu Diddeleng vum 6. An 7. Juli 2019 verkaf goufen.

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesait, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un d’Madamm Minister fir de Konsumenteschutz weider ze leeden.

 

Déi leschten Wochen hunn sech allerlee Evenementer ronderëm den Cannabidiol (CBD) multiplizéiert. Vun Perquisitiounen vun Geschäfter am Grand-Duché bis zu Onkloerheeten am Zesummenhang mat Produiten, déi op der Hemp-Expo zu Diddeleng vum 6. An 7. Juli 2019 verkaf goufen.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

 

  • Wéi ass d’Organisatioun am Grand-Duché opgebaut fir Liewensmëttel mat Cannabidiol (CBD) ënnert dem europäeschen Reglement 2015/2283, den déi Produiten als « Novel Food » ugesäit, ze kontrolléieren?
  • Wéi gëtt den Austausch an den Import/Export vum CBD kontrolléiert, deen et hei am Grand-Duché ze kafen gëtt?
  • Wéi ass d’Prozedur fir Perquisitiounen vun CBD-Butteker esou ewéi och Blummegeschäfter an Tubaksgeschäfter opgestallt?
  • Wat ass den Impakt gewiescht vun den Perquisitiounen op d’Approvisionnement vun den Leit, déi den CBD als Medikament brauchen ?
  • Wéi vill Leit sinn zoustänneg am Gesondheetsministère an och an aneren Direktiounen an der Regierung fir den Dossier « CBD » ?
  • Kruten déi Mataarbechter eng speziell Formatioun fir als Experten iwwert den Sujet « CBD » kënnen matzeschwätzen?
  • Wéi gëtt d’Exportatioun vun lokalen CBD Produiten kontrolléiert ?
  • Huet d’Regierung eng Strategie fir d’Thematik vum CBD ? Wann jo, wéi gesäit déi Strategie aus ?

 

Här President, ech bieden lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck