Déi Jonk an den Alkohol

Här President,

esou ewéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement steet, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro hei iwwer déi Jonk an den Alkohol dem Här Gesondheetsminister ze ginn.

Eng lëtzebuerger Televisiounschaîne huet d’lescht Woch an hiren Noriichten ee Reportage iwwer Jonker an den Alkohol gemaach. Hei gëtt gesot, datt ëmmer méi Jonker scho ganz fréi  an ënnert dem legalen Alter vu 16 Joer, de Weekend a virun Feierdeeg Gedrénks mat Alkohol dran drénken. Eng sëlleche vun hinnen iwwerdreiwen esou staark, datt se mussen an d’Klinik bruecht ginn. Am Spidol vun der Stad Lëtzebuerg, dem CHL, sollen alléng am Mount Dezember,  op 12 Deeg Garde, 20 Jonker an d’Urgence komm sinn, déi zevill gedronk haten. An der Kannerklinik niewendrun gouf et 2012 esouguer 16 Kanner mat enger Alkoholsvergëftung ! Déi jénkst Patiente sollen 12 Joer aal gewiescht sinn !

A lëschter Zäit sollen och Caféeë bei de Schüler Reklamm gemaach hu fir bei si ze komme a Partyen ze organiséieren wou se esouvill drénke kënnen ewéi se wëllen. Déi Jonk bräichten nëmmen Entrée ze bezuelen an duerno wäer dann d’Gedrénks mam Alkohol fir näischt.

D’Regierung versicht elo schon zënter enger Rei Joeren dofir ze suergen, datt net zevill Gedrénks mat Alkohol dra solle gedronk ginn. Gesetzer si gemaach a geännert ginn, fir datt d’Leit net méi mat zevill Alkohol am Blutt sollen Auto fueren an datt Jonker ënner 16 Joer keen Alkohol solle kréien. Kampagne si gemaach gi fir d’Leit ze informéieren an d’Präventioun besser ze maachen. An awer schéngt dat Alles net géint den Abus vum Alkohol ze wierken. An engems wëll d’Regierung déi nächste Méint een nationale Plang géint den Alkohol virstellen.

Dofir wëll ech dem Gesondheetsminister gären dës Froen hei stellen :

Kennt de Minister déi Zuele vun Jonker, déi am CHL am Mount Dezember 2012 an an der Kannerklinik lëscht Joer behandelt gi sinn well se zevill Alkohol gedronk haten ? Wa jo, kann hien dës Zuele confirméieren ? Ginn et iwwerhaapt an den eenzelne Spideeler hei am Land präzis Zuelen iwwert Jonker déi wéinst ze villem Alkohol lëscht Joer behandelt gi sinn ? Wa jo, kann de Minister dës Zuele soen ? Wann net, wéisou ginn et da keng Zuelen iwwert dës Fäll ?

Wees de Minister Bescheed, datt et Caféeën am Land ginn, déi bei Jonke Reklamm maache fir bei hinnen fir ee niddrege Präis kënnen esouvill Gedrénks mat Alkohol ze kréien ewéi se wëllen ? Wa jo, missten déi Caféeën net méi genee kontrolléiert ginn ? Wéi gëtt iwwerhaapt gekuckt, datt d’Gesetz vun 2006 respektéiert gëtt ? Gëtt an de d’Caféeë kontrolléiert op si sech éischtens drun halen, datt keen ënner 16 Joer Alkohol kritt an datt zweetens een, dee schons zevill gedronk huet, net nach weider ze drénke kritt ? An ewéi ginn déi aner Plazen wou een Alkohol ze kafe kritt, ewéi zum Beispill Buttéker an Bensinstatiounen, kontrolléiert ?

Wat ass dem Minister säi Bilan vu Kampagnen ewéi « Keen Alkohol ënner 16 Joer » ? A kann de Minister soen, wat déi grouss Ligne vum nationale Plang géint den Alkohol sinn ? Wéini ass dëse fäerdeg ? Wäert ee Gesetzesprojet déposéiert ginn oder Gesetzer/Reglementer geännert ginn ?

Serge Wilmes
Deputéierten

Zréck