De Stade de Luxembourg gëtt wéinst den héije Loyerskäschten net vill vun der Rugby-Federatioun genotzt. Wéi eng Léisung proposéiert den Här Sportminister, fir der Rugby-Federatioun bei de Loyerskäschte fir de Stadion entgéint ze kommen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weiderzeleeden.

„Le stade étant censé accueillir des matchs de rugby et de football, la surface de jeux permet l’aménagement d’un terrain de jeu de football (105 m X 68 m) et d’un terrain de rugby (115 m X 70 m)“, steet op der Website vum neie „Stade de Luxembourg“ op der Cloche d’Or ze liesen. An der Praxis ass et awer esou, dass de Stadion net vill vun der Rugby-Federatioun genotzt gëtt. De Grond dofir sinn déi héich Loyerskäschten.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Sportminister riichten:

  • Wéi eng Léisung proposéiert den Här Minister, fir der Rugby-Federatioun bei de Loyerskäschte fir de Stadion entgéint ze kommen?
  • Gesäit den Här Minister eng Méiglechkeet, entweder de Loyer z’adaptéieren oder der Federatioun en entspriechende Subsid zoukommen ze loossen?
  • Ganz allgemeng, a wéi wäit hält den Här Minister et fir legitim, d’Rugby-Federatioun méi staark z’ënnerstëtzen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                              Georges Mischo

Deputéierten                                  Deputéierten

Zréck