De Radio 100,7 huet an engem längere Reportage op méiglecherweis illegal Aarbechten an engem Bësch (zum Deel Natura 2000 Zone an ugrenzend un en Naturreservat) tëschent Rëmeleng an Téiteng higewisen.

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir lech dës dringend parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

De Radio 100,7 huet an engem längere Reportage op méiglecherweis illegal Aarbechten an engem Bësch (zum Deel Natura 2000 Zone an ugrenzend un en Naturreservat) tëschent Rëmeleng an Téiteng higewisen. Opgrond vun dësem Reportage wier och eng intern Enquête bäi der Natur- a Bëschverwaltung an d’Weeër geleet ginn.

Mir erlaben eis duerfir folgend Froen un d’Madamm Ministesch ze stellen :

  • Kann d’Madamm Ministesch d’Informatiounen aus dem Bäitrag vum Radio 100,7 confirméieren?

 

  • Wéini sinn déi politesch Responsabel fir d’éischt op d‘Mëssstänn opmierksam gemaach ginn?

 

  • Wéi ass et méiglech, dass elo eréischt eng intern Enquête opgemaach gëtt?

 

  • Huet d’Madamm Ministesch Kenntnis iwwer ähnlech Verstéiss op anere Plazen am Land?

 

  • Kann d’Madamm Ministesch eis kuerz erklären, wéi déi intern Kommunikatioun am Fall vu Verstéiss géint d’Naturschutzgesetz ofleeft? A wéi enge Fäll gëtt de Ministère informéiert?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Gilles Roth
Deputéierten

Martine Hansen
Deputéiert

 

Zréck