De Logementsminister huet den 1. Juni an der Presse annoncéiert, datt de Staat zwee privat Immobilie-Projeten mat 90 Wunnenge wëllt kafen. Sinn d‘Wunnengen integral fir d‘Locatioun geduecht oder och fir de Verkaf?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Logementsminister weiderzeleeden.

Virum Hannergrond vun der ugespaanter Situatioun um Wunnengsmaart huet den Här Logementsminister den 1. Juni an der Presse annoncéiert, datt de Staat zwee privat Immobilie-Projeten mat 90 Wunnenge wëllt kafen. Domat soll d’Demande ugekuerbelt ginn, fir esou ze verhënneren, datt Mataarbechter am Bau an de Chômage rutschen. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un de Logementsminister stellen:

  • Sinn d‘Wunnengen integral fir d‘Locatioun geduecht oder och fir de Verkaf?
  • Wien mécht d’Gestioun, wann d’Wunnengen an d‘Locatioun gin?
  • Wat fir Krittäre mussen d’Locataire respektiv d’Proprietären genee erfëllen, fir an de Genoss vun enger vun de genannte Wunnengen ze kommen?
  • Sinn dës Wunnengen am Bau oder wéini soll Bauufank sinn?
  • Wéini sollen d’Wunnenge fäerdeg sinn?
  • Wat ass d‘Opdeelung vun Wunnengen mat 1, 2, 3 oder 4 Schlofkummeren?
  • Wat ass de Präis pro m2 Surface construite brute?
  • Wat ass de Präis pro m2 Wunnraum?
  • Falen déi normal Frais d‘Enregistrement bei dësen Transaktiounen un oder ginn hei Ausname gemaach

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

                 

Marc Lies                      Elisabeth Margue

Deputéierten                          Deputéiert

Zréck