CGDIS : Ass een etat des lieux gemaach ginn a wat war d’Resultat ?

D’Äntwert op des parlamentaresch Fro fann der hei : QP 1676

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d’Madamm Inneministesch fir weider ze leeden.

Seid dem 1. Juli ass de Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) en fonction. Am Joer 2010 ass, am Kader vun der Preparatioun vun der Reforme vum Rettungswiesen ee Rapport iwwert den Zoustand am Pompjeeswiesen zu Lëtzebuerg gemaach ginn. An dësem hunn verschidden Experten och eng Rei Recommandatioune fir d’Ëmsetzung vun der Reforme ginn. Laut mengen Informatioune war och fir 2019 een Etat des lieux virgesinn fir e virleefege Bilan vun der Reforme ze maachen an ze kucken, ob dës Recommandatiounen ëmgesat gi sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

Kann d’Madamm Ministesch meng Informatioune confirméieren?
Wann jo, wéini soll dësen Etat des lieux publizéiert ginn? Wat sinn d’Resultater vun dësem Etat des lieux?
Wann nee, ass esou een Etat des lieux virgesinn ? Falls net, firwat ass dat net de Fall ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck