CFL: Bei der Eisebunn feelt et u Personal

Hei d’Äntwert als PDF vum Minister Claude Wiseler op parlamentaresch Fro vun den CSV Deputéierten Ali Kaes a Marc Spautz: https://csv.lu/files/2013/01/Qp-2437.pdf

Hei de kompletten Artikel vun RTL.lu: http://news.rtl.lu/news/national/380933.html

“De SYPROLUX hat d’Problematik viru kuerzem opgeworf. Nei Zerwisser bei den CFL, vill Leit, déi an d’Pensioun gaange sinn an net séier genuch konnten ersat ginn, well vill Kandidaten den Examen net gepackt hunn. Vill Krankeschäiner, Congé parental a Congé de maternité, dat sinn d’Ursaache fir de Manktem u Personal, déi de Minister opzielt.

Bei der Bunn wier awer alles gemaach ginn fir d’Lächer, déi entstane sinn, ze stoppen an den Ament géif d’Situatioun esou ausgesinn:

Bei de Maschinisten, de Leit, déi um Zuch fueren also, sinn elo 142 Kandidaten a 7 Klassen ënnerwee. Den Taux d’echec oder vu Leit, déi ophalen, läit bei ronn 30 Prozent an awer ass de Minister optimistesch, dass bis Enn 2013, déi néideg 290 Leit do sinn. Zejoert konnten 1.500 Iwwerstonnen ofgebaut ginn a bis 2014 soll d’Situatioun sech normaliséieren.

Dat gëllt och fir d’Kontrolleren an den Zich. 130 Leit goufen tëscht 2009 an 12 agestallt, 45 nei Leit si fir 2014 virgesinn an da kéinten och déi ronn 35 Roudeeg, déi an der Moyenne nach all Agent ze gutt huet, ofgebaut ginn.

Buschauffere goufen der zejoert 12 bei den CFL agestallt, domatter wier ee just 2 Unitéite vum Ziel vun 180 Leit wech, mä et wieren awer eng Partie Krankheetsfäll derbäi komm an et géifen och do nach Leit an d’Pensioun goen déi nächst Zäit. 2013 sollen dofir 16 Buschauffeuren an 2014 nach eng Kéier 10 derbäi kommen. Och do kéinten dann d’Iwwerstonnen ofgebaut ginn.

Bleift nach d’Personal an de Guicheten: 59 Leit gi gebraucht, 57 sinn der do. Do sinn awer och elo 10 Leit an der Formatioun a kënne vum 1. Abrëll un agesat ginn. Fir d’nächst Joer sinn da weider 6 Engagementer geplangt.”

Zréck