Bleift den Här Minister weiderhi bei sengen Aussoen, datt am Finanzéierungsprojet fir d’Verlängere vum Tram op de Findel an op d’Cloche d’Or keng Indemnisatioune, fir Geschäftsleit déi laanscht de Chantier vum Tram leie, virgesi goufen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n° 8147 vum 12. Juli 2023 iwwert finanziell Entschiedegunge fir Geschäftsleit déi laanscht de Chantier vum Tram leie schreift den Här Minister Folgendes : „ Ee Budget fir Indemnisatiounen gouf just fir d’Finanzéierungsgesetz vum Tram tëschent der Gare a Luxexpo vun der Chamber votéiert. Am Finanzéierungsprojet fir d’Verlängeren vum Tram op de Findel an op d’Cloche d’Or goufen keng Indemnisatiounen virgesinn.“

Am Document parlementaire No 7209 iwwert Finanzéierung vum Tram op d’Cloche d’Or kann een op der Säit 39 d‘„Fiche financière“ vum Gesetztext kucke wou ënnert der no „C“ e Punkt „Divers et imprévus“ virgesinn ass an der Héicht vu 6.500.000 Euros. Ennen op der Säit 39 kann een dann och noliese wat de Punkt „Divers et imprévus“ beinhaltet: « C– Les divers et imprévus, correspondant à environ 6% du montant total des investissements com­prennent notamment : …• L’indemnisation des commerçants riverains »

Deemno geet kloer aus der “Fiche financière” vum deemolege Projet de loi ervir dass am „Divers et imprévus“ och Budget fir d’Indemnisatioune fir Geschäftsleit virgesi waren.

Dat selwecht gëllt och fir d’Verlängeren vum Tram op de Findel. Am Document No 7210 kann een op der Säit 37 d‘„Fiche financière“ vum Gesetztext liesen wou och ënnert der no „C“ e Punkt „Divers et imprévus“ virgesinn ass an der Héight vun 5.600.000 Euros. An deser „Fiche financière“ kann een och ënnen op der Säit d’Explikatiounen zu den „Divers et imprévus“ nokucken wou Folgendes ze liesen ass : «C– Les divers et imprévus, correspondant à environ 6% du montant total des investissements com­prennent notamment : … • L’indemnisation des commerçants riverains“.

Deemno sinn laut der “Fiche financière” vum deemolegen Projet de loi iwwert Verlängerung vum Tram op de Findel och Indemnisatiounen fir Geschäftsleit virgesinn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen

 

  • Bleift den Här Minister weiderhi bei sengen Aussoen, dass: “Am Finanzéierungsprojet fir d’Verlängere vum Tram op de Findel an op d’Cloche d’Or keng Indemnisatioune virgesi goufen” ?
  • Wann jo, muss den Här Minister sech bei der Ëmsetzung vun engem Finanzéierungsgesetz net un den Inhalt vun enger “Fiche financière” halen ? Gëtt a sou engem Fall Gesetz richteg ëmgesat wann een sech net un Virgabe vun der “Fiche financière” muss halen?
  • Wann jo, wei sinn den Inhalt an d’Explikatiounen an enger “Fiche financière” vun engem Gesetz ze bewäerten?

Här President mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Diane Adehm                             Marc Lies

 

Deputéiert

 

Zréck