Bei wéi vill Leit gouf an de leschten 12 Méint d‘Diagnos Burn-out gestallt, wéi hunn sech dës Zuelen an de leschte 5 Joer verännert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un d’Gesondheetsministesch Martine Deprez weiderzeleeden.

D‘Zuel vun de psycheschen Erkrankungen huet an de leschte Joren däitlech zougeholl. Ënner anerem leiden ëmmer méi Leit ënner engem Burn-out-Syndrom. Allerdéngs huet d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO de Burn-out net als medezinesch Krankheet klasséiert, mee en ass am ICD-11 (International Classification of Diseases) als „Occupational phenomenon“ definéiert, also als e Phänomen, dee mat der Uarbecht verbonnen ass. Och zu Lëtzebuerg gëllt Burn-out net als unerkannte Krankheet. An deem Zesummenhang wollt ech follgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Bei wéi vill Leit gouf an de leschten 12 Méint d‘Diagnos Burn-out gestallt?
  • Wat fir Alterskategorië waren am meeschte betraff?
  • Wéi hunn sech dës Zuelen an de leschte 5 Joer verännert?
  • Wéi vill Leit hu misse wéinst Burn-out krankgeschriwwe ginn a wéi laang?
  • Wéi wäit iwwerhëlt d’Gesondheetskeess d’Käschten am Fall vun enger Burn-out-Diagnos?
  • Denkt d’Regierung driwwer no, de Burn-out als Beruffskrankheet unzeerkennen, vu datt d’WHO en als „Occupational phenomenon“ definéiert?
  • Ass d’Regierung bereet, eng spezifesch Etüd zum Thema Burn-out ze maachen, fir méi genee Donnéeën ze kréien?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

 

Zréck