Bei de rezente Bränn vu Bëscher, Wisen an och Bauerebetriber si Rettungsdéngschter bei der Brandbekämpfung dacks vu Fräiwëllege mat Material wei zb grouss Waasserfässer, Trakteren oder och anert Material ënnerstëtzt ginn.

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et am Artikel 83 virgesäit, biede mir Iech, folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

Bei de rezente Bränn vu Bëscher, Wisen an och Bauerebetriber si Rettungsdéngschter bei der Brandbekämpfung dacks vu Fräiwëllege mat Material wei zb grouss Waasserfässer, Trakteren oder och anert Material ënnerstëtzt ginn.

An dësem Kontext géife mir der Madamm Inneministesch gäre folgend Froe stellen :

  • Ass dat Material wat vun Drëttpersounen dem CGDIS am Fall vun der Brandbekämpfung zur Verfügung gestallt gëtt respektiv mat an den Asaz kennt ofgeséchert ?

 

  • Wei gesäit Situatioun ass wann déi Léit wärend sou engem Asaz ee kierperleche Schued erleiden ?

 

  • Wier et net ubruecht, dass am Fall vu Bränn, wou privat Léit hiert Material zur Verfügung stelle respektiv bei de Läschaarbechte mathëllefen, de Staat fir dës Leit an dëst Material eng Assurance ofschléisst fir dass am Fall vun engem Schued eng Ofsécherung besteet?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Spautz                         Martine Hansen

 

Deputéiert

 

Zréck