Ausbau vun der Sonnenenergie: Firwat sinn Restriktiounen agefouert gi fir « société coopérative » an « société civile » a firwat kennen net Privatleit Solaranlagen vun enger Leschtung teschend 30kw-500kw installéieren ouni mussen op eng Forme juridique wéi « société coopérative » an « société civile » zeréckzegräifen?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 727

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert Sonnenergie un den Här Energieminister weiderzeleeden.

Fir déi europäesch Virgaben a Saachen erneierbar Energien ze erfëlle setzt Regierung op den Ausbau vun der Sonnenenergie. An dësem Sënn huet den Här Energieminister ugangs Mee e néie Reglement Grand-Ducal presentéiert deen Notze vun der Sonnenenergie finanziell méi attraktiv soll maachen. Sou ginn zb néi Aspeisetariffer definéiert, sou ennert anerem och  fir « société coopérative » an « société civile » dei an Solaranlagen vun enger Leschtung teschend 30kw-500kw investéieren.

Am groussherzogleche Reglement ass dozou folgendes ze liesen : « … le producteur d’énergie doit revêtir la forme juridique d’une société coopérative ou d’une société civile qui sont composées d’au moins sept personnes qui sont des personnes physiques, des associations sans but lucratif ou des fondations. »

An dësem Kontext géif ech gären dem Här Energieminister folgend Froe stellen :

  • Firwat muss eng Kooperativ oder « société civile » aus op mannst siwe Partei zesummegesat si fir kenne vun den néien Aspeisetariffer ze profitéieren ?
  • Wat schwätzt géint Kooperative oder « société civile » mat manner wéi siwe Parteien ?
  • Firwat sinn esou Restriktiounen agefouert gi fir « société coopérative » an « société civile » a firwat kennen net Privatleit Solaranlagen an der uewegenannter Gréisstenuerdnung installéieren ouni mussen op eng Forme juridique wéi « société coopérative » an « société civile » zeréckzegräifen?
  • Betriber déi aktuell schonn ënnert enger forme juridique fonctionnéiere wéi zb Sàrl, SENC, SECS, SA, Sàrl-S, SIS etc, falen déi och ënnert Dispositioune vun dësem groussherzogleche Reglement ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck