Aus wéi engem Grond mussen déi bestoend Agrement‘e vun den diverse Gestionnairen “des services pour personnes âgées” elo matt deem neie Qualitéitsgesetz erneiert ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.

 

Ewéi aus engem Bréif vum Familljeministère un déi verschidde Gestionnairen an Chargés de direction des services pour personnes âgées vum 15. Februar 2024 ervirgeet, mussen déi verschidde Strukturen, Centren an Servicer hier Agrement‘e matt deem neie Qualitéitsgesetz, dat den 1. Mäerz 2024 a Kraaft trëtt (loi du 23 août 2023 portant sur la qualité des services pour personnes âgées) renouvelléieren, dës wieren awer just nëmmen 1 Joer gëlteg:

 

« La mise en vigueur des nouvelles dispositions de la loi entraînera la nécessité de renouveler les agréments actuellement en vigueur, via de nouveaux arrêtés ministériels prenant effet au 1er mars 2024. Ces agréments seront ainsi conditionnés pour une durée limitée d’une année jusqu’au 1er mars 2025. »

 

 

An dësem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil stellen:

 

  • Aus wéi engem Grond mussen déi bestoend Agrement‘e vun den diverse Gestionnairen elo erneiert ginn?
  • Firwat ass den Agrement vun deene jeeweilege Strukturen, Centren a Servicer, matt deem neie Qualitéitsgesetz, nëmmen ee Joer gëlteg ?
  • Géif et net Sënn maachen, wann d’Agrement’e méi laang gëlteg wieren ?
  • Am Bréif ass des Weideren erauszeliesen:

« A l’issue des contrôles d’agrément et selon les conclusions du rapport d’agrément et si toutes les dispositions de la loi sont respectées, l’agrément conditionné et limité d’une année pourra faire l’objet d’une modification. »

  • Kann d’Regierung confirméieren, dass dëst sech ob d’Verlängere vum Agrement bezitt ?
  • Wa jo, wéi laang gëtt en an deem Fall verlängert ?

 

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Stéphanie Weydert

 

Deputéiert

 

Zréck