Aus wéi enge Grënn huet déi riets Spuer, op der A13 Richtung Péiteng op der rouder Bréck bei Schëffleng, no esou kuerzer Zäit rëm misse gespaart ginn?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

 

Opgrond vun engem Chantier an Aarbechten op der A13 Richtung Péiteng op der rouder Bréck bei Schëffleng, ass déi riets Spuer laut Medien-Informatiounen „bis op Weideres“ gespaart. De 17. Juli 2023 Moies ëm 06:00 Auer sollt d’Spuer opgoen, bis se dunn um 08:00 Auer nees zou gaangen ass.

 

 

An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

 

  • Aus wéi enge Grënn huet déi riets Spuer no esou kuerzer Zäit rëm misse gespaart ginn?
  • Weien Zäitfënster ass mat „bis op Weideres“ gemengt?

 

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt

Deputéiert

Zréck