Aus wéi enge Grënn gëtt an deenen Tunnellen, wou aktuell Aarbechte stattfannen, net vum Chantier respektiv der Spärung profitéiert, fir an engems d‘Maintenance- a Botzaarbechten ze maachen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

Wéi RTL-Lëtzebuerg an engem Artikel vum 22. August 2023 schreift, ginn Tunnelle Gousselerbierg a Grouft déi nächst Wochen nees temporär zougemaach. Vu Mëtt Juli bis Mëtt August war den Tunnel Gousselerbierg a Richtung Echangeur Luerenzweiler fir den Trafic zou. Zënter Mëtt August gëtt am Tube a Richtung Schëndels geschafft an de Verkéier leeft bidirektional a Richtung Luerenzweiler. Ausserdeem ass bis an den Agang vum Tunnel Grouft Tempo 50 an de ganze Chantier soll nach bis Mëtt September daueren. Dobäi kënnt, dass vun der Stad a Richtung Norden am Tunnel Grouft eng Temporeduzéierung vun 90 op 70 ass, obwuel do net geschafft gëtt. Elo huet de Ministère wësse gedoen, dass vum 28. August 2023 un nees Maintenance- a Botzaarbechten an diversen Tunnellen uechter d’Land sinn, dorënner ënner anerem d’Tunnelle Gousselerbierg, Grouft, Markusbierg, Péiteng a Biff. Den Tunnel Gousselerbierg, sou wéi eng Partie anerer wieren also op een Neits gespaart.

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:

  • Aus wéi enge Grënn gëtt an deenen Tunnelle wou aktuell Aarbechte stattfanne net vum Chantier, respektiv der Spärung profitéiert, fir an engems d‘Maintenance- a Botzaarbechten ze maachen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

     Diane Adehm                         Martine Hansen

Deputéiert                       Co-Fraktiounspräsidentin

Zréck