Ass geplangt datt de Centre médico-sportif zu Jonglënster rëm soll opgoen ? Wa jo, wéini ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister an un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

De Centre médico-sportif zu Jonglënster huet bis zur Covid-bedéngter Fermeture lescht Joer groussen Zoulaf kannt vu Sportler aus den Nopeschgemengen an aus dem Kanton Iechternach. Säit dëse regionale Centre médico-sportif seng Dieren ophat hunn notamment vill Leit aus der Regioun Mëllerdall net méi misse méi wäit bis an en anere Centre um fueren. Leider si bis elo d’Dieren vum Centre Jonglënster net méi opgaangen, obwuel aner Centren erëm operationell sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Deelt d’Regierung d’Meenung datt de Centre médico-sportif zu Jonglënster eng wichteg Ulafstell fir vill Sportler aus ganzer Ëmgéigend ass a verhënnert datt d’Leit vill Kilometeren an den Owesstonne mussen zréckleeën, zu engem Moment wou manner Busser fueren  ?
  2. Ass geplangt datt de Centre médico-sportif zu Jonglënster rëm soll opgoen ?
  3. Wa jo, wéini ?
  4. Wann nee, aus wéi enge Grënn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck